Nom Duerchbrochshit "Dance Monkey" ass Tones And I zréck mat der neier Single "Ur So Cool".

Fakten
D'Tones and I huet mat sengem Song "Dance Monkey" di international Charts gestiermt. Di australesch Singer-Songwriterin, déi hir Carrière ähnlech wéi The Passenger als Stroossemusekerin ugefaangen hat, gouf quasi iwwer Nuecht zum internationale Star. Seng nei Single "Ur So Cool" ass méi ee rouege Song, dee weist dass een d'Sängerin net op den Hit "Dance Monkey" reduzéiere kann. Op senger neier Single rechent hatt mam Verhale vu senger Generatioun of. Tones And I ka mat Leit näischt ufänken, déi sech just iwwer Iwwerflächlechkeeten definéieren a fir déi dat eegent Ausgesinn an d'Coolness am Fokus stinn. An "Ur So Cool" mécht hatt däitlech, wéi verletzend sou ee Verhale ka sinn a wéi onwuel hatt sech domat fillt.

Aussergewéinleches:
"Ur So Cool" ass een autobiographesche Song. Tones And I gouf vun engem Produzent op eng Party zu Beverly Hills invitéiert.Hatt ass dohi gaangen, huet sech awer direkt immens onwuel gefillt. Ee Meedchen huet hatt ugeschwat: "Hey, I don’t know if you know me but I was on the TV show Teen Wolf." Tones and I war genervt an huet geäntwert: "Hey, I’ve never watched this show but I’m sure you are terrific." Hatt huet d'Party verlooss, huet sech en Taxi geholl an am Hotel Netflix gekuckt.

Fréier Hits
Fir Tones And I hätt et 2019 net besser lafe kënnen. Obwuel hatt eréischt zanter leschtem Joer Musek mécht, ass him mat "Dance Monkey" den internationale Duerchbroch gelongen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Izzy Bizzu, Zak Abel, Ella Eyre

Lauschtert eran: