Hurts presentéieren hir nei Single "Voices".

Fakten
Nom Album "Desire" vun 2017 sinn Hurts zréck mat der neier Single "Voices". An den nächste Méint sollen nach weider Lidder eraus kommen. Wéi et mat engem neien Album ausgesäit, huet de britteschen Duo nach net matgedeelt.

Aussergewéinleches:
Wéi di 2 Museker soen, handelt di nei Single em  Isolatioun a  Verzweiwlung . En handelt ausserdeem vu Kraaft a vun der Muecht vum Verstand. De Sänger Theo huet d'Lidd wärend enger perséinlecher Krise geschriwwen a gouf et elo wärend enger globaler Krise verëffentlecht.

Fréier Hits
Den Theo Hutchcraft an den Adam Anderson hunn 2009 d'Band Hurts gegrënnt. Den Debütalbum "Happiness" ass 2010 eraus komm an hat mat „Wonderful Life“ deen Hit mat dobäi, mat deem di 2 Museker op ee Coup weltwäit berüümt goufen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
John Newman, Depeche Mode

Lauschtert eran: