Di finnesch Sängerin ass zréck mat der neier Single "La Money" a mat sengem Debütalbum "Have U Seen Her?"

Fakten
Di finnesch Pop-Punk-Cheffin Alma huet di nei Single "La Money" zesumme mat sengem Debütalbum "Have U Seen Her?" eraus bruecht. Di nei Single "LA Money" ass ee ganz perséinlechen Track an de Kär vum Album - eng Geschicht iwwer säin deemolegt Liewen“, erkläert d'Alma. Hatt hat d'Gefill, un engem Punkt ze sinn, un deem hatt net wëllt sinn, a Musek géing maachen, déi hatt net maache wollt. Hatt wosst, dass hatt dat hannert sech loosse muss; Musek maachen, déi hatt glécklech mécht a säi Liewen sou liewen, wéi hatt et wëllt.

Aussergewéinleches:
D'Alma ass net just eng eenzegaarteg an talentéiert Songwriterin, mee hatt iwwerhëlt schonn zanter laangem och d'Virreiderroll fir eng nei Generatioun vu staarke Fraen, déi mat hirer Musek eppes ze soen hunn. Engagéiert, progressiv an eegesënneg schwätzt hatt vu Fraerechter iwwer Kierperpositivitéit bis hin zu Sexualitéit, Depressioun, Drogekonsum, all d'Themen oppen an direkt un.

Fréier Hits
Eischt Bekanntheet krut d'Alma als Special Guest vum Felix Jaehn. 2016 war hatt op senger Single "Bonfire" ze héieren. Mee och mat sengen eegene Singelen wéi "Dye My Hair" an"Chasing Highs" huet di finnesch Sängerin d'Charts gestiermt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Anne-Marie, Alice Merton, Cheat Codes

Lauschtert eran: