Den amerikanesche Songwriter stiermt de Moment mat senger Dance-Single weltwäit d'Charts.

Fakten:
Den amerikanesche Singer-Songwriter Brando huet mam Titel "Look Into My Eyes" seng éischt Single eraus bruecht. "Look Into My Eyes" baséiert um 90er Joren-Hit "Would I Lie To You Baby" vum brittesche Duo Charles & Eddie.

Fréier Hits:
De Brando huet sech mat Lidder wéi "Body" zesumme mat Loud Luxury a mat "Congratulations" zesumme mam Don Diablo international bekannt gemaach.

Aussergewéinleches:
De Brando huet deemnächst nach e sëllege Kollaboratiounen geplangt- ënner anerem mat Kënschtler wéi Matoma an BRKLYN. Hien ass och am Studio am gaangen, u senger eegener EP ze schaffen, déi Enn vum Joer eraus kënnt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Martin Jensen, Sigala

Lauschtert eran: