Den Jeremy Loops presentéiert déi 1. Single aus sengem 3. Studioalbum.

Fakten
Mat sengem Debütalbum huet hie sech a senger südafrikanescher Heemecht bekannt gemaach, mat sengem 2. Album grad wéi als Tour Support vun Twenty One Pilots huet den Jeremy Loop säin internationalen Duerchbroch erreecht. Mam Titel Single "Mortal Man" huet hien déi éischt Single vu sengem 3. Album eraus bruecht. Bei dësem Lidd inspiréiert hie sech un engem Frënd deen ënner Suchtverhalen ze leiden huet.

Aussergewéinleches
Als begeeschterten Naturschützer, passionéierte Surfer a Weltreesenden fierft säin Wonsch, nei Länner a Kulturen z'entdecken, och op seng Musek of.

Fréier Hits
Den Jeremy Loops huet di südafrikanesch Musikszene 2014 mat sengem Debütalbum „Trading Change“ eruewert. Hien huet  d'Chartsspëtzt a Südafrika an och Plaz 1 bei iTunes erreecht.  Intrenational war hie mat Singelen wéi  „Waves“ a "Freak" schonn erfollegräich.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kelvin Jones, Newton Faulkner, Mighty Oaks

Lauschtert eran: