Den Titel "Banana" vum Conkarah zesumme mam Shaggy gouf duerch d'Banana-Drop-Challenge elo en Hit.

Fakten
Dem Conkarah seng Single "Banana" zesumme mam Shaggy ass eng Coverversioun vum traditionellen jamaikanesche Folksong "Day-O (The Banana Boat Song)", ee Lidd war 1956 vum legendäre Sänger Harry Belafonte eraus koum an e groussen Hit gouf. D'Coverversioun vu "Banana" ass schonn 2019 eraus komm. D'Lidd gouf awer elo eréischt wéinst der "banana drop challenge" en Hit. Op TikTok loossen Staren an onbekannte User hire Sonnebrëll vum Gesiicht falen an danzen dobäi op des Reggae-Nummer.

Aussergewéinleches
De Conkaraha ass mat enger brittescher Mamm an engem jamaikanesche Papp op verschiddene Plazen op der Welt opgewuess. Als Kënschtler kuckt hie bis ewell op zwou erfollegräich Welttournée'en zréck. Hien gouf mat Coverversiounen vun Billboard Charts Hits bekannt an notéiert bis ewell méi wéi 200 Millioune Views an 620K Youtube Abonnenten.

Fréier Hits
Dem Conkarah säi bekanntste Hit bis ewell ass e Cover vum Adele sengem Hit Single "Hello". 2018 huet hien den Album "EXCITA" eraus bruecht – een Album mat Originalsongs am Beräich Reggae, Dancehall, a Pop Music . Den Album ass op Plaz 3 vun de Billboard Reggae Charts era geklommen. De Shaggy hat 1993 mam Titel "Oh Carolina" säin éischten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sean Paul, Inner Circle, Ini Kamoze

Lauschtert eran: