Den Duo vu Los Angeles presentéiert eng dynamesch Indierock-Single .

Fakten
Den amerikaneschen Indiepop-Duo The Score huet di dynamesch Single "Best Part" eraus bruecht. De Song handelt dovun, dass all Mënsch Feeler mécht. Trotzdeem gëtt er ëmmer eng Persoun, déi dat Gutt am Mënsch gesäit a Léift schenkt, egal wat passéiert. Sou sange si och am Refrain: "I can be a liar, I can be a cheat, I can be neurotic, I can be a freak, I can be everything in between, but you always find the best part of me."

Aussergewéinleches
The Score – dat sinn den Eddie Anthony als Sänger a Gittarist an den Edan Dover als Keyboarder a Produzent. Bei Live-Optrëtter ginn si vum Logan Baldwin un der Batterie a vum Chris Coombs un der Gittar begleet. Hire Sound definéiert sech duerch een dynamesche Mix aus Rock, Pop, Indie an Electronic.

Fréier Hits
Bekannt goufen The Score duerch den Titel "Bulletproof (ft. XYLØ)", deen als End-Credit Song fir dem Michael Bay säi Netflix-Blockbuster "6 Undergroud" gewielt gouf.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Welshly Arms, American Authors, Waling On Cars

Lauschtert eran: