De Reggae-Museker huet mat "Ahoi" seng éischt Single op Däitsch eraus bruecht. 

Fakten
Et ass eng absolut Premiere fir den Gentleman – mat "Ahoi" presentéiert den däitsche Reggae-Kënschtler seng éischt Single op däitsch. Et ass och den éischte Virgeschmaach op säin neien, éischten däitschsproochegen Album "Blaue Stunde". Den Gentleman selwer nennt "Ahoi" "die erste DNA, mit der ich mich auf Deutsch zeigen will“ an erzielt vun „der Seele, die drei Tage braucht, ehe sie ankommt – was fast nie gelingt, wenn man am nächsten Morgen immer schon wieder weg ist und die Zeit zur Reflektion und Verarbeitung von Erfahrungen fehlt“. Den Album "Blaue Stunde" kënnt den 18. September eraus.

Aussergewéinleches
Seng Lidder gräifen deelweis aktuell Themen op, wéi z. B. "It No Pretty", wou hien am Museksvideo Affer an enger Metrosstatioun attackéiert gëtt. Och sozialkritesch Nummere wéi "Dem Gone", "Superior" a "Leave us alone" sinn Deel vu sengem Repertoire. Hei hannerfreet hien den Zoustand vun der Gesellschaft kritesch a wiert sech géint Gewalt an Ausbeutung vu Minoritéiten.

Fréier Hits
Mat "Journey to Jah" hat den Gentleman säin éischte  Gold-Album, Den Album dono mam Numm "Confidence ass 2004 op Plaz 1 vun den däitschen Charts geklommen a gouf mat Platin ausgezeechent. Et ass mat iwwer 200.000 verkaafte Kopien ee vun den erfollegräichsten Alben vun der däitscher Reggae- an Hip-Hop-Geschicht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Seeed, Patrice, Damian Marley

Lauschtert eran: