Den DJ Alle Farben presentéiert e Cover vum MGMT-Song "Kids". 

Fakten:
Alle Farben presentéiert mat "KIDS" eng nei Versioun vum Song mam selwechten Numm vu MGMT aus dem Joer 2005. Zesumme mam Duo VIZE a mam Singer-Songwriter Graham Candy iwwerzeegt de Remake duerch ee komplett neie Stil.  An der neier Versioun vu "KIDS" komme kräfteg Trompetten a Brazilian-Beats zesummen, a fusionéieren zu engem clubtauglechen Dance-Track. De Power-Feature gëtt ausserdeem vum Sänger Graham Candy completéiert, dee scho fir "She Moves (Far Away)" mat Alle Farben zesumme geschafft huet.

Aussergewéinleches:
Alle Farben huet ee Faible fir Samples a Cover. "KIDS" vu MGMT ass net deen éischte Remake a senger Musekskarriäre. Zimmlech bekannt ass och "Supergirl", deem seng Original-Versioun vu Reamonn staamt. Och d'Single "Bad Ideas" ass ee Sample vum Passenger Song "Let Her Go".

Fréier Hits
Mat "She Moves" hat den Alle Farben am Joer 2014 en éischten Top 10 Hit. Mat Lidder wéi "Please Tell Rosie", "Little Hollywood" an "Only Thing We Know" konnt hien sech dono och an den Charts plazéieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Lost Frequencies & Robin Schulz

Lauschtert eran: