De brittesche Sänger presentéiert eng melodiéis Elektropop-Single

Fakten:
Den Julian Perretta ass zréck mat neier Musek. Am August bréngt de brittesche Sänger en neien Album eraus. Am Virfeld presentéiert hien doraus den Elektropop-Song "Closer To You". Am Songtext probéiert hien seng Flam dovun z'iwwerzeegen, dass si ee fir deen anere gemaach sinn. "I'm like / Worst in the worst kind of madness / Till I can be next to you / I'm like / Losing myself in this sadness / Till I get my hands on you" .

Fréier Hits:
Seng Musekskarriäre huet den Julian Perretta zesumme mam Mark Ronson op deem senger Europatournée ugefaangen. Dono war hien och Support Act vum Beyoncé. 2010 huet hien säin Debütalbum „Stitch Me Up“ opgeholl, A Frankräich wou hien och wunnt, hat hien mat senger Debütsingle „Wonder Why“ een Top-Ten-Hit. 2017 ass den Julian Perretta zréck komm mat „Private Dancer“- eng Kollaboratioun mam franséischen Deep House DJ Feder.

Aussergewéinleches:
Den Julian Perretta bréngt net just eege Lidder eraus, mee schafft och als Auteur-Komponist fir aner Museker, wéi Clean Bandit, Kygo , Jessie J an Ellie Goulding. Den Titel "Wonder Why" aus dem Jor 2009 war bis elo säi gréissten eegenen Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Christophe Maé, Jonas Blue, Milow

Lauschtert eran: