Mat "Oxygen" liwwert de Robin Schulz ee Spagat tëscht melancholescher Stëmmung an Dance-Sound. 

Fakten
Fir "Oxygen" huet sech de erfollegräichen däitsche Produzent d'Sängerin Winona Oak an d'Boot geholl. D'Musekerin hat schonn 2018 zesumme mat "The Chainsmokers" säin éischten Hit "Hope". Bei "Oxygen" steet hatt mat senger Stëmm net just am Mëttelpunkt, mee huet de Song och matgeschriwwen. Mat senger Stëmm suergt d'Sängerin och dofir, dass sech di melancholesch Stëmmung duerch de ganze Song zitt. "Oxygen" ass dat éischt Lidd um Robin Schulz sengem eegene Label.

Aussergewéinleches
De Robin Schulz huet ënnert dem Numm "Mentalo Music" säin eegene Label gegrënnt. Domat geet fir hien een Dram an Erfëllung. "Oxygen" ass déi éischt Verëffentlechung um Label. Do wëllt den däitsche Produzent awer net seng eege Musek eraus bréngen, mee och Newcomer ënner Kontrakt huelen.

Fréier Hits
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs

Lauschtert eran: