Zesumme mam Sänger Zak Abel huet de Museksproduzenten-Duo Seeb een neit Lidd mam Numm "Sad in Scandinavia" um Start. 

Fakten
Mëtt Juni hu Seeb hir nei Single "Sad in Scandinavia" eraus bruecht. Fir de gesanglechen Deel vum Lidd ass de Sänger a Songwriter Zak Abel responsabel, deen och d'Iddie fir de Song geliwwert huet.

Aussergewéinleches
"Sad in Scandinavia" handelt vun enger Persoun, déi a Skandinavien ausgewandert ass, fir vun enger vergaangener Libesbezéiung Ofstand ze huelen . Mee amplaz sech besser ze fillen, gëtt des Persoun just nach méi traureg a fillt sech ganz eleng a Skandinavien.

Fréier Hits
Seeb ass ee Museksproduzenten-Duo aus Norwegen. Den Duo beweegt sech haaptsächlech am Beräich vun der elektronescher Musek. Hiren internationalen Duerchbroch hate si mam Remix vum Song "I Took A Pill In Ibiza" vum Mike Posner. Weider erfollegräich Tracks sinn "Hymn for the Weekend (Remix) Feat. Coldplay a "Grip" Feat. Bastille.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Chainsmokers, Nico & Vinz, Mike Posner

Lauschtert eran: