D'Kiesza presentéiert déi éischt Single aus sengem 2. Studioalbum "Crave".

Fakten
Mëtt August bréngt d'Kiesza säin 2. Studioalbum "Crave" eraus. Am Virfeld presentéiert di kanadesch Sängerin doraus di nei Single "Love Me With Your Lie".

Aussergewéinleches
D'Kiesza war am Alter vu 16 Joer aktiv Seeglerin bei SALTS (Sail and Lifetime Training Society). Ee Joer méi spéit ass hatt zesumme mat sengem Brudder als Reservistin  der "Royal Canadian Navy" bäigetrueden. Niewebäi huet hatt och beim Schéinheetsconcours "Miss Universe Canada" matgemaach. Wärend senger Zäit bei der Navy huet hatt 4.500 Exemplare vu senger Debüt-CD  u kanadesch Zaldoten verschenkt, déi am Afghanistan stationéiert waren.

Fréier Hits
 D'Kiesza gouf mat senger  Debütsingle "Hideaway" bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Naughty Boy, Alma, Gorgon City

Lauschtert eran: