Sigma presentéieren nei Single "High on You" Feat. John Newman.

Fakten
Den Dance-Duo Sigma presentéiert mat "High On You" eng nei Single mam John Newman. Mat "High On You" bidde Sigma eng perfekt Summerhymne, déi mat engem Piano-Intro begeeschtert. Mat summerleche Beats verbreet den neie Song gutt Laun a mécht Loscht fir ze danzen.

Aussergewéinleches:
Den John Newman krut 2 Mol ee Gehirtumor diagnostizéiert an huet missen operéiert ginn- 2012 an 2016.

Fréier Hits
Hir Nummer-1-Single "Nobody to Love" (2014) huet Sigma zu engem vun de bedeitendsten Dance-Duos a Groussbritannien gemaach. Sigma hu mëttlerweil iwwer 300.000 Alben verkaaft, an 8 Hit-Singles gelant (ë. a. Higher, Glitterball, an Changing). Si kucken och schonn op vill Kollaboratiounen zréck - mat Take That, Rita Ora, Paloma Faith, Labrinth an aneren, a kruten 2 Nominéierungen bei de Brit Awards.

Den John Newman huet mat 14 ugefaangen, eege Lidder opzehuelen. Mat 20 ass hien op London geplënnert an huet do den Elektronik-Kollektiv Rudimental kenne geléiert, op deenen hiren Drum'n'Bass-Singele "Feel the Love" a "Not Giving In" hie gesongen huet. "Feel the Love" huet d'Spëtzt vun de briteschen Charts erreecht- ee Succès deen den John Newman 2013 mat senger eegener Single "Love Me Again" widderhuele konnt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech
Netsky, Rudimental, Chase & Status

Lauschtert eran: