De Robin Schulz huet eng nei Versioun vun der Single "Alane" eraus bruecht.

Fakten
Dem DJ Wes säi Song "Alane" ass eent vun de Lidder aus dem Joer 1996, zu deem deemools di ganz Welt gedanzt a gesongen huet. Et elo, 24 Joer méi spéit, kann d'ganz Welt et nees maachen. Well keen anere wéi de Robin Schulz huet eng nei Versioun vu "Alane" produzéiert.

Aussergewéinleches
De Robin Schulz huet ënnert dem Numm "Mentalo Music" säin eegene Label gegrënnt. Domat geet fir hien een Dram an Erfëllung. "Oxygen" ass déi éischt Verëffentlechung um Label. Do wëllt den däitsche Produzent awer net seng eege Musek eraus bréngen, mee och Newcomer ënner Kontrakt huelen.

Fréier Hits
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs

Lauschtert eran: