De Singer-Songwriter ass zréck mat sengem éischten  neie Lidd zanter dem Debütalbum "Without Fear".

Fakten
No sengem dem Debütalbum "Without Fear" vun 2019 ass den Dermot Kennedy zréck mat enger neier Single. De Museker huet sech dobäi un engem Gedicht mam Numm "What if 2020 Isn’t Cancelled?" vum Leslie Dwight inspiréiert. D'Gedicht handelt dovun dass d'Welt ee Changement braucht, an dass elo de Moment wier dee Changement anzeleeden. An eng onbekannten Zukunft ze reesen kéint engersäits spannend , an anerersäits awer och beängschtegend sinn, sou de Museker.

Aussergewéinleches:
Kuerz éier säi groussen Hit "Power over Me" ageschloen huet, war den éischter nach onbekannten Dermot Kennedy fir e Concert zu Lëtzebuerg an der Rockhal.

Fréier Hits
A senger Heemecht ass an dësem Joer kee Song esou erfollegräich gewiescht wéi dem Dermot Kennedy säin 1. groussen Hit "Power over Me".  E Lidd, dat et am Januar vun dësem Joer an eisem Eldo Chartbreaker bis op d'Plaz 2 gepackt hat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Grennan, Hozier & Tom Walker

Lauschtert eran: