© Youtube screenshot
De Song "Ordinary Pleasure" kléngt no engem coole Disco a Daft Punk.
Fakten:
"Ordinary Guy" ass eigentlech schonn iwwer 50 Joer al a gëllt als Latin-Soul-Klassiker. Opgeholl gouf de Song a senger Originalversioun 1967 vum Sänger Joe Bataan. Am Lidd geet et em den Alldag vun enger spezifescher demografescher Grupp, zu där souwuel den Joe Bataan wéi och den Toro Y Moi gehéieren. Alle béid sinn nämlech Jonge vun afroamerikaneschen a philippinneschen Elteren. De Song erzielt den Alldag vun dëser marginaliséierter Bevëlkerungsgrupp. Den Haaptpersonnage vum Lidd ass ee Mann, deen net vill Suen huet a Bus statt Auto fiert. Awer och een, deem Frënn méi wichteg sinn wéi ee luxuriéist Liewen.
Aussergewéinleches:
Den Numm vum Kënschtler "Toro Y Moi" setzt sech aus dem spueneschen "Toro Y" an dem franséische "Moi" zesummen a bedeit "De Stéier & ech".
Fréier Hits:
An den USA ass de Museker aus South Carolina schonn eng Zäit erfollegräich ënnerwee. Säi Sound kombinéiert verschidde "70er Disco, R’n’B a Funk Elementer an interpretéiert des op kreative Aart a Weis nei.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tame Impala, Caribou, Hot Chip
Lauschtert eran: