Pünktlech fir de Summerstart presentéiert den Jonas Blue zesumme mam MAX seng nei Single "Naked".

Fakten
Virun  e puer Méint kuerzem koum di gemeinsam Single "Mistakes" vum Jonas Blue a Paloma Faith op de Maart. Elo ass hien zréck mat enger neier Kollaboratioun. De brittesche Produzent  huet sech elo mam amerikaneschen Newcomer MAX zesumme gedinn. Mat summerleche Beats an enger gudder Melodie huet de Song definitiv Gutt-Laun-Potential.

Aussergewéinleches:

Den Jonas Blue huet virdru scho mat Stare wéi Raye (‚By Your Side‘), Liam Payne, Lennon Stella (‚Polaroid‘) a Rita Ora Lidder opgeholl.

Fréier Hits
De briteschen DJ a Produzent Jonas Blue hat mat senger Debütsingle, der Covernummer „Fast Car", a ganz Europa een Hit.  D'Single huet sech gläich an e puer Länner an den Top 10 vun den Charts plazéiert. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Mike Perry, Felix Jaehn, Martin Jensen

Lauschtert eran: