Den Dominic Fike presentéiert een éischten Avant-Goût vu sengem Debütalbum 

Fakten
Den Dominic Fike ass een 23 Joer ale Songwriter aus Florida deen sech elo mam Titel "Chicken Tenders" zréck gemellt huet. D'Lidd ass op sengem Debütalbum ze fannen, deen am Laf vum Joer eraus kënnt.

Aussergewéinleches
Den Dominic Fike huet sech den Apple Logo op de Bak tätowéiere gelooss.

Fréier Hits
Ufank 2018 huet de Fike ugefaangen, bekannt ze ginn. Ënner anerem gouf de Manager vum Chance the Rapper op hien opmierksam. Am Mee 2018 huet de Fike zu Los Angeles zesumme mam Billie Eilish a mam Rick Rubin Lidder opgeholl. 2019 hat hie mat "3 Nights" säin éischten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jack Johnson, Dean Lewis, Matt Simons

Lauschtert eran: