2 Joer no sengem leschten Album mellt de Kölner Museker sech zréck mat der neier Single "Sign".

Fakten
"Sign" ass déi éischt nei Single vum Roosevelt dëst Joer, Op och een neien Album eraus kënnt, ass nach net gewosst. Säi leschten Album "Young Romance" ass bal 2 Joer al. Trotz düsterem Intro handelt et sech bei "Sign" eigentlech ëm ee klassesche Lovesong. Am Refrain séngt de Roosevelt "So come back,
And give me a sign of your love".

Aussergewéinleches
Beim Marius Lauber alias Roosevelt ass et scho viru sengem Soloprojet gutt gelaf. Mat senger Band "Beat!Beat!Beat!" war hie ganz erfollegräich. No hirem Debüt-Album vun 2010 war allerdéngs Schluss.

Fréier Hits
Mat senger éischter EP "Elliot" aus dem Joer 2013 hu grouss Plattformen wéi Pitchfork de Sänger entdeckt. Mat sengem Debütalbum vun 2016 goufen och di däitsch Medien op hien opmierksam.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Empire of the Sun, Capital Cities

Lauschtert eran: