Glass Animals sinn zréck mat eger neier Single aus dem Album "DREAMLAND"

Fakten:
Glass Animals sinn zréck mat hirer neier Single  "Heat Waves". Dobäi handelt et sech schonn em di 4. Single-Auskopplung aus hirem neien Album "DREAMLAND". Begleet gëtt de Song-Release vun engem passende Video, an deem de Sänger Dave Bayley duerch verloosse Stroossen iert an dobäi ganz am Sënn vun de Corona-bedéngten Ofstandsreegelen vun den Awunner vun der Stad aus hire Fënsteren eraus gefilmt gëtt.

Aussergewéinleches:
U sech sollt deen neien Album vu Glass Animals schonn am Juli eraus kommen. Aus Respekt virun den aktuellen „Black Lives Matter“-Protester hunn d'Museker bekannt ginn,  dass een de Release op de 7. August verréckelt hätt.

Fréier Hits
Hiren 2. Album "How to Be a Human Being" vun 2016 huet et an d'Top 20 vun den internationalen Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alt-J, Two Door Cinema Club, Foals

Lauschtert eran: