Ellie Goulding & Lauv presentéieren zesummen de Song "Slow Grenade".

Fakten
No den zwou Singele "Power" a "Worry About Me" featuring Blackbear, liwwert d'Ellie Goulding elo ee weidere Virgeschmaach op säin neien Album "Brightest Blue". Di nei Single "Slow Grenade" ass eng Kollaboratioun mam US-amerikanesche Sänger Lauv, dee mat sengem Top−10-Hit "I Like Me Better" international bekannt gouf.

Aussergewéinleches
Nieft senger erfollegräicher Carrière als Sängerin setzt d'Ellie sech och fir den Ëmweltschutz an de gudden Zweck an. Hatt schafft mat der UNO zesummen an ass bei villen Charity-Veranstaltungen dobäi.

Fréier Hits

D'Ellie Goulding ass der aktueller Pop-Landschaft eigentlech kaum nach ewech ze denken. Zanter dem Ufank vu senger Carrière 2009 ass et ëmmer weider biergop gaangen. Spéitstens zanter "Love Me Like You Do", dem Titelsong zum Erfollegsfilm "50 Shades of Grey", kennt all Mënsch di britesch Sängerin

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tove Lo, Dua Lipa, Rita Ora

Lauschtert eran: