Den Tom Novy ass zréck mat engem Cover vu "Vamos A La Playa"

Fakten
Den däitsche Produzent an DJ Tom Novy gëllt als ee vun de Pionéier vun der House-Musek. Elo hien zréck mat enger neier Versioun vum Klassiker "Vamos A La Playa" vu Righeira aus dem Joer 1983. Den Tom Novy féiert eis deemno direkt zréck bei den Ufank vun der  Dance Music a bréngt eis de Summer direkt virun di eegen Dir.

Aussergewéinleches
Den Tom Novy huet och e puer Sendungen op der Tëlee moderéiert, ënner anerem bei MTV Germany.

Fréier Hits
Zanter 1995 packt et den Tom Novy reegelméisseg an di däitsch Charts, als éischt mat sengem Titel "I House You". Mat sengem Hit "I Rock" ass him 1999 den internationalen Duerchbroch gelongen. Zu senge weideren Hits zielt den Opening-Track "My Definition" vu sengem Debut-Album vun 2001, deen als offizielle  Mercedes-Benz Formel 1-Track um Nürburgring gespillt gouf.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
DJ Antoine, Bob Sinclar, Michael Gray

Lauschtert eran: