Den Jason Derulo lant ee weideren Hit zesumme mam Newcomer Jawsh 685.

Fakten
Bei TikTok hat den Jawsh 685 ee 14 Sekonne laangen Extrait vu sengem  Beat "Laxed (Siren Beat)" erop gelueden an deen ass voll ageschloen. Op der Social-Media-Plattform danzen d'User weltwäit de passenden Danz zum Gutt-Laun-Beat vum Neiséilänner. Beim Hype huet och de Sänger Jason Derulo matgemaach. Bei TikTok huet den Jason Derulo dunn een Extrait vu sengem Song "Savage Love" gepost: Seng Stëmm mam Instrumental vum Jawsh 685. Fir den Jason Derulo ass et ee weideren Hit a fir den Jawsh 685 deen éischten Erfolleg am Museksbusiness. 

Aussergewéinleches
Den Jason Derulo huet e.a scho Lidder fir de Pitbull, de Lil Wayne oder och den Diddy geschriwwen. E war schonn a jonke Joren e gefrote Songwriter. Esou guer nach éier seng eege Musekskarriäre un d'Rulle komm ass. 

Fréier Hits
"Whatcha Say" war den éischten Hit vun dem Sänger aus Florida. Dat war am Joer 2009 a sollt direkt e Number One Hit ginn. Mat Lidder wéi "In My Head" oder awer och "Want to Want Me" konnt hien an de leschte Joren noleeën.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, LunchMoney Lewis, Sean Paul

Lauschtert eran: