De brittesche Produzent ass zréck mat enger neier Single

Fakten
No Kollaboratioune mat Camelphat, Diplo oder Rudimental ass den Elderbook zréck mat senger neier Single "My House". Hie liwwert domat e Virgeschmaach op säin Debütalbum "Why Do We Shake In The Cold?", deen am September eraus kënnt.

Fréier Hits
Elderbrook ass spéitstens mat senge Vocals am Camelphat-Track „Cola“ bekannt ginn. De Club-Hit gouf souguer fir ee Grammy nominéiert. Rudimental haten an der Vergaangenheet Hits wéi "Sun Comes Up" (feat. James Arthuer"), "These Days (feat. Jess Glynne, Macklemore & Dan Caplen)", "Lay It On Me" (feat. Ed Sheeran) an "These Days (feat. Jess Glynne).

Aussergewéinleches
Musikalesch beweegt den Elderbrook sech iergendwou tëscht alternativem Pop an Elektro. Mat "My House" geet et des Kéier méi a Richtung Disco a Funk. De Song verbreet net just gutt Vibes, mee och - wéi bal all seng Tracks- een déiwe Message: “De Song konzentréiert sech drop, dass vill Leit ëmmer nach méi wëllen, ouni jeemools glécklech mat deem ze sinn, wat si hunn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hayden James, Disciples, Zhu

Lauschtert eran: