No Hits wéi "Hot Girl Bummer" ass den amerikaneschen Hip-Hop/R&B/Soul Sänger zréck mat neier Musek

Fakten:
Mat "Queen Of Broken Hearts" gëtt de Blackbear eis e weidere Virgeschmaach op säin neien Album "Everything Means Nothing", den den 21. August eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
Nieft eegenen Tracks produzéiert a komponéiert de Blackbear och Lidder fir aner Museker, Sou huet hien ënner anerem um Justin Bieber sengem Megahit „Boyfriend“ matgeschafft an och um Album „One More Light“ vu Linkin Park.

Fréier Hits: 
Um neien Album ass souwuel d'Single "Me & Ur Ghost" wéi och den Hi "Hot Girl Bummer" ze fannen- dee Song hat Plaz 11 an de  “Billboard Hot 100 erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
G-Eazy, Bazzi, Hoodie Allen

Lauschtert eran: