"Can I Call You Tonight" kléngt no Summer, de Museker verschafft am Text awer eng Trennung.

Fakten:
Den Dayglow ass Ufank 20, kënnt vun Austin am Texas an huet säin Debütalbum am Kannerzëmmer opgeholl. An der Schoul hat hien di ganz Zäit dovu gedreemt, an doheem huet hien dann net seng Hausaufgage gemaach, mee u senger Musek weider geschafft. Seng nei Single "Can I Call You Tonight” kléngt no Summer-Vibes a gudder Laun. Am Text verschafft hien awer eng Trennung.

Aussergewéinleches:
"Don't go, don't go and leave me", séngt den Dayglow. Dass hien trotzdeem de positive Vibe wielt, huet eppes mat sengem Prinzip ze dinn. "Sou laang ech Musek gemaach hunn, war et mäin Ziel, domat de Mënschen ze hëllefen, sech besser ze fillen an hoffentlech och besser mateneen ëmzegoen".

Fréier Hits: 
Mat sengem Debütalbum "Fuzzybrain" huet den Dayglow aka Sloan Struble säin Duerchbroch gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The 1975, Foster The People, Neighbourhood

Lauschtert eran: