Am Virfeld vu sengem neien Album presentéiert d'Louane seng nei Single "Donne-Moi Ton Coeur".

Fakten
No Singele wéi "On était beau" an "Si t'étais là" presentéiert di franséisch Sängerin mam Titel "Donne-Moi Ton Coeur" een neit Lidd. Am Hierscht kënnt dem Louane neie mëttlerweil 3. Studioalbum eraus.

Aussergewéinleches
Scho mat 8 Joer ass d'Louane als Sängerin bei enger Castingshow fir Kanner opgetrueden. 5 Joer méi spéit huet d'Louane et bei The Voice Frankräich bis an d'Hallefinale gepackt. Den Duerchbroch koum 2014 mat enger Haaptroll an der franséischer Komedie "La famille Bélier".

Fréier Hits
Mat der Single "Avenir" huet d'Louane säin éischten Nummer 1-Hit a Frankräich gelant. Och den Debütalbum, "Chambre 12", ass bis un d'Spëtzt vun de franséischen Charts geklommen. D'Louane hat och soss an Europa mat "Avenir" een éischte groussen Hit. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lily Wood & The Prick, Julien Doré, Calogero

Lauschtert eran: