Mam Remix " What's Love Got To Do With It?" huet den DJ Kygo de Weltstar Tina Turner zréck aus der Pensioun geholl. 

Fakten:
D'Tina Turner ass zanter "Tina! 50th Anniversary Tour" 2009 a Pensioun. Just seelen trëtt di legendär Musekerin nach bei Events oder Opnamen an d'Ëffentlechkeet.  Elo huet d'Sängerin awer decidéiert, eng nei Versioun vun hirem Klassiker "What's love got to do with it" vun 1984 eraus ze bréngen.  Zesumme mam norwegeschen DJ a  Produzent Kygo huet hatt e Remix vum Song eraus bruecht.

Fréier Hits:
De Kygo ass een norwegeschen DJ a Museksproduzent. Hie gehéiert zu de bekanntsten Interprete vum Tropical House. Zu sengen erfollegräichste Lidder gehéieren "Higher Love" Feat. Whitney Houston an"It Ain't Me" Feat. Selena Gomez. 

Aussergewéinleches:
De Kyrre Gørvell-Dahll ass ënnert sengem Kënschtlernumm Kygo ënnerwee. D'Aussprooch vu sengem Pseudonym gëtt souwuel an norwegescher (kyːɡuː), wéi och englescher Form (kaɪɡoʊ) gebraucht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Sam Feldt, Felix Jaehn

Lauschtert eran: