No "Break My Heart" presentéiert d'Dua Lipa eng weider Single aus sengem 2. Studioalbum.

Fakten
Dass d'Dua Lipa op sengem Album "Future Nostalgia" Elementer aus den 80er, 90er an 2000er afléisse léisst, huet hatt eis scho mat Singele  wéi "Don't Start Now" an "Break My Heart" gewisen. Och bei "Hallucinate" huet d'Sängerin genee des Elementer matenee kombinéiert. Vun 90er Synthie-Pop bis hin zu Disco-House vun den 2000er – alles ass dobäi. Ënnerluecht gëtt dat ganzt vun enger funkeger Basslinn. D'Kombinatioun vun de Stiler spigelt och d'Intentioun vum Song erëm: Dora geet et nämlech ëm d'Gefill, vun der Léift sou high ze sinn, dass ee schonn ufänkt ze halluzinéieren.

Aussergewéinleches:
Mat 15 ass d'Dua Lipa eleng op London geplënnert an huet als Model a Serveuse geschafft. Niewebäi huet hatt Coversongs op Youtube gepost. Säi Style nennt hatt gären „Dark Pop“.

Fréier Hits
Di Londoner Musikerin ass schonn vun BBC an MTV Europe fir Auszeechnungen nominéiert ginn a krut den NME-Award an der Kategorie "Best New Artist", grad wéi 2 "European Border Breakers"-Awards.  D'Singelen "Be The One", "Hotter Than Hell" oder "Lost In Your Light" zesumme mam Miguel hunn d'Sängerin ganz séier bekannt gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Zara Larsson, Lorde

Lauschtert eran: