D'Anne-Marie ass zréck mat senger neier Single “To Be Young feat. Doja Cat).

Fakten
D'Anne-Marie huet seng nei Single “To Be Young (feat. Doja Cat)” presentéiert. D'Lidd handelt vun den Héichten, Déiften, Léierprozesser, Dreem Realitéiten, déi mir am Laf vum Liewen duerchlafen, iwwerdeems mir all probéieren, eise Wee ze fannen. Nieft dem Anne-Marie steiert di amerikanesch Rapperin a Sängerin Doja Cat am Track eng Strophe bäi. De Refrain sange di 2 zesummen: "Fall in love, broken heart / Break the rules, drink too much / We're all a mess, but I guess / This is what it feels like to be young"

Aussergewéinleches
D'Anne-Marie gouf mat 12 Joer Karateweltmeeschterin. De Sport huet hatt staark markéiert an d'Disziplin, déi hatt hei geléiert, huet him och am Museksbusiness weider gehollef. Säin éischte Mixtape, deen 2015 eraus koum, huet hatt "Karate" genannt.

Fréier Hits
Mat "Rockabye" hat d'Anne-Marie am Joer 2016 e Mega-hit un der Säit vu Clean Bandit an dem Sean Paul.  Seng Lidder "Alarm" an "Ciao Adios" sollten d'lescht Joer zu Chart-Hits ginn. An aktuell ass d'Britin un der Säit vum Marshmello am Song "Friends" ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bebe Rexha, Alma & Mabel

Lauschtert eran: