De Zedd ass zréck mat enger neier Kollaboratioun.

Fakten
De Star-DJ Zedd an d'Pop-Newcomerin Jasmine Thompson hu sech zesumme gedinn an ee Song mam Numm "Funny" verëffentlecht. Et ass déi éischt nei Musek vum Zedd dëst Joer.

Aussergewéinleches
"Nom Enn vun enger Bezéiung wëlle verschidde Mënschen et nach eemol probéieren mam Ex an him méi Opmierksamkeet schenken", seet d'Jasmine Thompson. Hatt war a sou enger Bezéiung déi net funktionéiert huet a wéi et eriwwer war, wollt säin Ex op eemol méi Zäit mat him verbréngen. Dorëms geet och an der Single "Funny".

Fréier Hits
De Zedd ass ee vun den ugesotsten däitschsproochegen DJen a Produzenten vun eiser Zäit. Ënner anerem seng Single "Clarity" gouf mat engem Grammy ausgezeechent. D'Jasmine Thompson gouf bekannt als Stëmm hannert dem Clubhit "Sun Goes Down" vum DJ Robin Schulz.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Galantis, David Guetta

Lauschtert eran: