Leschte Freiden hu Maroon 5 hir nei Single "Nobody's Love" erausbruecht!

Fakten
An der Lescht hu Maroon 5 éischter mat negative Schlagzeilen op sech opmierksam gemaach. Viru kuerzem war jo bekannt ginn, datt hire mëttlerweil fréiere Bassist Michael Madden wéinst haislecher Gewalt festgeholl gi war. De Museker muss sech den 29. September viru Geriicht veräntweren. Dovun huet d'Formatioun ronderëm den Adam Levine sech awer net ënnerkréie gelooss an huet sech mat ganz neier Musek zeréckgemellt.

Aussergewéinleches
An där neier Single "Nobody's Love" séngt de Levine iwwert seng Gefiller. "You can make a grown man cry / If you ever say goodbye", heescht et zum Beispill ganz am Ufank. Deen interessantste Message vermëttele Maroon 5 awer am Video vun deem neie Song. Dora gesäit een den Adam Levine ewéi hie sech fir d'éischt en Joint dréint an en duerno och fëmmt. D'Band setzt sech mam Video fir d'Entkriminaliséierung vu Marihuana an.

Fréier Hits
Maroon 5 sinn am Joer 2004 duerch Lidder ewéi "This Love" oder "She Will Be Loved" bekannt ginn. Hire leschte groussen Hit war "Memories, deen d'lescht Joer am September erauskomm war.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
OneRepublic, The Script & Train

Lauschtert eran: