An eisem Xclusiv vun haut hu mir e weidere Remake vun engem ale Bekannten!

Fakten
Am Joer 2000 ass "Dancing In The Moonlight" duerch déi englesch Band Toploader e weltwäiten Hit ginn. Elo huet de schwedeschen Duo Jubël zesumme mat der Sängerin NEIMY eng nei Versioun vum Klassiker erausbruecht.

Aussergewéinleches
D'Schwedin NEIMY huet The Chainsmokers e groussen Deel vu sengem Erfolleg ze verdanken. Déi waren nämlech zoustänneg fir d'Musek vum italienesche Film "Succede" aus dem Joer 2018 an haten dem NEIMY säin Track "I've learned" als offiziell Film-Musek ausgewielt.

Fréier Hits
An der Vergaangenheet hate Jubël scho mam Lidd "On The Beach" e groussen Erfolleg gefeiert. Enn Mäerz vun dësem Joer hunn de Sebastian Atas an de Victor Sjöström hir aktuell EP "Strawtown" released.

Wann iech dat gefällt, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sandro Cavazza, Benjamin Ingrosso & Disciples

Lauschtert eran!