Mat "Rockstar" dierft den amerikanesche Rapper DaBaby den endgültegen Duerchbroch gelonge sinn!

Fakten:
Ganz ouni Ukënnegung huet den DaBaby am Abrëll säin neien Album "Blame It On Baby" erausbruecht. Keng Promo an trotzdeem ass en direkt op d'Plaz 1 an den amerikaneschen Charts erageklommen. Mat drop ass och de Song "Rockstar" zesumme mam Roddy Ricch - den absolutten Highlight um Album a virun allem och duerch TikTok zu engem groussen Hit ginn.

Aussergewéinleches:
D'Thematik hannert dem DaBaby sengem "Rockstar" ass duerchaus eescht. De Rapper war d'lescht Joer nämlech an en Iwwerfall an engem Supermarché verwéckelt an huet den Täter aus Noutwier erschoss. Dee Virfall setzt him bis haut schwéier zou, mat Zeilen ewéi "PTSD, I'm always waking up in cold sweats like I got the flu" schwätz hien déi psychesch Suitte vum Ereegnes un.

Fréier Hits:
No e puer Mixtapes ouni Erfolleg konnt den DaBaby 2019 mat sengem Debut-Album "Baby on Baby" fir déi éischte Kéier Opmierksamkeet erreechen. Mat sengem 2. Longplayer sollt hien et op d'Eent vun den US-Charts packen, mat drop ware Lidder ewéi "Suge", "Into" a "Bop".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lil Baby, A Boogie Wit Da Hoodie & Lil Uzi Vert

Lauschtert eran!