De Felix Jaehn mellt sech mat senger neier Single "SICKO" zeréck!

Fakten:
Zesumme mam amerikaneschen Allround-Talent GASHI an där kanadescher Newcomerin FAANGS huet de Felix Jaehn d'Single "SICKO" verëffentlecht. D'Lidd gëtt bësse méi düsteren Abléck an d'Kënschtler-Welt. Et geet ëm einsam an traureg Momenter an ëm d'Héichten an d'Déiften déi warscheinlech all Kënschtler a senger Karriär schonn eng Kéier erlieft huet.

Aussergewéinleches:
De Felix Jaehn hat an deene leschte Méint mat Panikattacken an Angschtzoustänn ze kämpfen. Nieft dem Fait, datt hien eng Social-Media-Paus ageluecht huet, huet den däitsche Museker sech mat Hypnose-Therapie behandele gelooss an huet vill nëtzlech Tipps fir d'Liewen am Buddhismus fonnt.

Fréier Hits:
Direkt am Ufank vu senger Karriär ass dem Jaehn mat engem Remix vum OMI sengem Song "Cheerleader" e weltwäiten Hit gelongen. An der lescht huet hie mat Lidder ewéi "Never Alone" oder "Close Your Eyes" Opmierksamkeet erreecht. De GASHI kënnt een ënnert anerem vum Track "Coming Down" mam KIDDO.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Lost Frequencies, Alle Farben & VIZE

Lauschtert eran!