© YouTube Screenshot
Duck Sauce melle sech mat hirer neier Single "Captain Duck" zeréck!
Fakten:
Mat "Captain Duck" huet den House-Duo Duck Sauce en neien Ourewuerm erausbruecht. De Song baséiert um Captain Sensible senger Single "Wot" aus dem Joer 1982. Déi zwee DJs A-Trek an Armand Van Helden hunn doraus eng energie-gelueden Disco-House-Nummer gemaach.
Aussergewéinleches:
Déi zwee Museker hunn de Projet Duck Sauce ufanks des Jores erëm ganz nei lancéiert, dat nodeems si 6 Joer Paus ageluecht haten. "Captain Duck" ass am Ganze schonn dat 4. neit Lidd, dat déi Zwee zanter hirer Reunion verëffentlecht hunn.
Fréier Hits:
Am Joer 2014 konnten Duck Sauce mat der Single "Barbara Streisand" e groussen Erfolleg feieren. D'Lidd war op hirem Debut-Album "Quack" drop.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Fedde le Grand, Axwell & Ingrosso, Martin Solveig