© YouTube Screenshot
E Lidd dat een och feiere kann ouni Fussball-Fan ze sinn!
Fakten:
Provinz sinn eng däitsch Newcomer-Band vu Ravensburg. Duerch de Concours Bandpool vun der Popakademie zu Mannheim hunn si éischt Kontakter an d'Museks-Welt konnte knëppen. Mëtt Juli hu si hiren Debut-Album "Wir bauten uns Amerika" erausbruecht. Mat drop ass och d'Single "Diego Maradona", benannt no där argentinescher Fussball-Legend. De Front-Mann Vincent Waizenegger war net nëmme vum Maradona senge Fussball-Kënscht begeeschtert, mee och vun den Exzesser an deem sengem Liewen.
Aussergewéinleches:
"Eigentlech wollte mir den Diego Maradona fir de Musek-Video perséinlech afléie loossen, mee duerch de Coronavirus ass dat leider net méiglech." Dat huet d'Band hire Fans an enger Instagram-Story matgedeelt. Och wann d'Ausso natierlech net ganz Eescht gemengt war, hate Provinz sech trotzdeem eng skurril Aktioun fir de Video ausgeduecht: Mat engem Snapchat-Filter mat der Maradona-Frisur, deen extra fir si entwéckelt gi war, konnten d'Fans Clips vu sech ophuelen an déi bescht sinn Deel vum Video ginn.
Fréier Hits:
Eréischt ufanks vun deem leschte Joer hu Provinz e Major-Deal bei Warner Music ënnerschriwwen. Am Mee 2019 ass dunn hir éischt EP "Reicht dir das" mat de Lidder "Neonlicht", "Was und high macht" an "Zu jung" erauskomm.
Wann iech dat gedält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
AnnenMayKantereit, Giant Rooks & Fynn Kliemann