Bob Moses si fir alternativen Elektro-Sound bekannt. Fir "Desire" hu si sech den DJ-Kolleeg ZHU u Bord geholl.

Fakten:
Den DJ-Duo Bob Moses huet schonn d'Bün vu grousse Festivaller wéi de Glastonbury oder de Coachella onsécher gemaach. De Release vun der leschter EP "Battle Lines" läit allerdéngs schonn 2 Joer zréck. Mat "Desire" melle si sech mat enger neier Single zréck an annoncéiere fir dëst Joer och en neien Album. Fir den Track hunn d'Jongen den DJ ZHU an d'Boot geholl.

Aussergewéinleches:
Mat der Textzeil "Don't want your desire, I just wanna be free" beschäftegt sech den Track mat staarke, scho bal exzessive Wënsch, an deenen ee sech och verfänke kann.

Fréier Hits:
Den Debütalbum vu Bob Moses, "Days Gone By", koum am Joer 2015 eraus. 2017 goufe Bob Moses bei den "Electronic Music Awards" als beschte "Live Act of the Year" gewielt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Klangkarussel, Hayden James, Elderbrook

Lauschtert eran