Mat "Jerusalema" gouf de südafrikaneschen Elektro- an Afropop-Sänger a Produzent Master KG ee weltwäiten Internet-Phänomen.

Fakten: 
"Jerusalema (feat. Nomcebo)" ass eng vu Gospel an Afro-House beaflosst Feelgood-Single, déi bei YouTube aktuell iwwer 45 Mio. Views zielt, Plaz 19 vun de globale Spotify Viral-Charts erreecht huet a bei TikTok mat iwwer 66 Mio. Views grad duerch de Plaffong geet – mat e sëllegen Danzvideoen, déi ënnert den Hashtags #jerusalema, #jerusalemachallenge a #jerusalemadance ze fanne sinn.

Aussergewéinleches:
Mat "Jerusalema" huet de Master KG et an Zäite vu sozialer Distanz  fäerdeg bruecht, ee Lidd ze schafen, dat Mënschen op der ganzer Welt motivéiert ze danzen, ze laachen an de feieren. De Song weist, dass Summer, Vakanz a Spaass do ass, wou ee mat senge Frënn zesummen. Ënnert dem hashtag #jerusalemachallenge posten an deele mëttlerweil Mënschen aus der ganzer Welt hir Freed un deem Song.

Fréier Hits:
A senger südafrikanescher Heemecht ass de Master KG (biergerlech Kagaogelo Maogi) schonn als Pionéier vum Bolobedu Dance bekannt. 2018 huet hie säin Debütalbum "Skeleton Move", deen e sëllege Präisser gewonnen huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Burna Boy, Major Lazer, Beyoncé

Lauschtert eran