Den italienesche Kult DJ Gigi D’Agostino ass zréck mat engem neien Dance Track.

Fakten: 
D'Dance-DJ-Ikone Gigi D’Agostino ("In My Mind") ass zréck mat enger neier Kollaboratioun. Zesumme mam italienesche Songwriter a Sänger LA VISION huet hien d'Single "Hollywood" eraus bruecht.

Aussergewéinleches:
D'Chance, dass dësen Track un de Succès vum Gigi D’Agostino senger leschter Kollaboratioun uknäppt, ass grouss. Den Italiener hat 2019 mat sengem Song "In My Mind" den Dance Track vum Joer gelant. "Hollywood" baséiert genee wéi schonn "In My Mind" op engem méi ale Sample vum DJ.

Fréier Hits:
La Vision, en Newcomer aus Italien, ass Produzent a  Songwriter an huet sech fir seng Debütsingle "Hollywood" mam Star-DJ Gigi D’Agostino zesumme gedinn, De Gigi D’Agostino gehéiert zu de bekanntsten Export-Kënschtler aus Italien. Enn vun den 90er an an den 2000er gouf hien duerch Songs wéi "Bla Bla Bla" weltbekannt. Eleng mat senger Single "In My Mind" huet hie méi wéi 820 Millioune Streams op Spotify a méi wéi 600 Millioune YouTube-Views generéiert. Ausserdeem huet hien d'Charts & Playlisten weltwäit dominéiert a Plaz 1 an Däitschland erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Vengaboys, Underdog Project, Snap

Lauschtert eran