Mat "Head Shoulders Knees & Toes" hunn  Ofenbach zesumme mat  Quarterhead a mat der Sängerin Norma Jean Martine eng nei Kollaboratioun eraus bruecht.

Fakten
Eigentlech kennt een de Song "Head Shoulders Knees & Toes" aus den eegene Kandheetsdeeg. De franséischen DJ-Duo Ofenbach huet sech awer eppes ganz Besonnesches ausgeduecht. Zesumme mam däitsche Museksproduzent-Duo Quarterhead hu si Zeilen aus dem berüümte Kannerlidd iwwerholl an an eng cool EDM-Single verwandelt. Fir de Gesang gouf di US-amerikanesch Sängerin Norma Jean Martine engagéiert.

Aussergewéinleches
Ofenbach setzt sech aus de Produzenten Cesar Laurent de Rummel an Dorian Lauduique zesummen. Di 2 sinn zanter hirer Kandheet befrënt an hu Mëtt vun den 2000er ugefaangen, zesumme Musek ze produzéieren. Ugefaangen hu si mat Rock a Blues, elo sinn si am Beräich Electro-Pop an House gelant.

Fréier Hits
De franséische Produzenten-Duo huet sech mat sengem Sound net just a Frankräich een Numm gemaach.  “Be Mine“ war 2017 hiren éischte groussen Hit, dono koum mat "Katchi" eng weider grouss Single. Enn 2018 haten Ofenbach mat "Paradise" zesumme mam Benjamin Ingrosso ee weideren Hit. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jax Jones, Kungs, Feder

Lauschtert eran