Seeed liwwere mat "Hale-Bopp" ee gutt Laun-Track mat Summervibes.

Fakten:
Eigentlech sollte Seeed dëse Summer d'Open-Air-Bühnen vun deene gréisste Festivaller rocken. Wéinst der Corona-Pandemie ass 2020 awer alles anescht. An och d'Band vum Peter Fox gouf ausgebremst. Just faulenze wollten d'Museker awer net. An esou hu Seeed mat "Hale-Bopp" elo een neit Lidd eraus bruecht, wat u sech net geplangt war. Um aktuelle Seeed-Album mam Numm "Bam Bam" ass d'Lidd net ze fannen. Wéini ee weideren Album vun der Band eraus kënnt, steet awer nach an de Stären.

Aussergewéinleches:
Mat "Hale-Bopp" liwwere Seeed entspaante Summervibes. Am Songtext geet et ëm dee vläicht schéinsten Zoustand: 2 Mënschen als dat perfekten Team.

Fréier Hits
Mat "Aufstehn!" an "Ding" sinn 2006 hir éischte ganz grouss Chart-Hits erauskomm. Ma schonn 2001 hu si mat "Dickes B" an 2003 mat "Music Monks" op sech opmierksam gemaach gehat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Gentleman, Patrice & Culcha Candela

Lauschtert eran