"Lovefool" dierft deem engen oder anere bekannt sinn, well de Song gouf et schonn eng Kéier. Di nei Versioun vun Twocolors ass awer ganz anescht.

Fakten:
De Berliner Duo Twocolors wollt "Lovefool" net einfach coveren, mee nei interpretéieren. Dat ass deenen 2 Museker op alle Fall gelongen, well vill Elementer vum Original huet hir Versioun net méi, ofgesi vun der Gesangsmelodie an dem Text. Enn vun den 90er war "Lovefool" vun der Band The Cardigans am Original schonn een Hit. Deemools war de Song vun der markant héijer Stëmm vun der Sängerin Nina Persson an de funky Gittaren markéiert. De Produzenten-Duo Twocolors huet des Elementer duerch eng eng duuss Männerstëmm a Synthie-Sounds ersat.

Aussergewéinleches:
Dem Emil säi Papp ass de Gittarist vu Rammstein, de Paul Landers. Hien däerf ëmmer als éischt di nei Lidder vum Producer-Duo héieren.

Fréier Hits:
Twocolors sinn d'Museker Emil Reinke a Pierre-Angelo Papaccio. Di zwee hu sech 2015 op enger Party zu Berlin kenne geléiert an direkt an hirem éischte Joer ee groussen Hit eraus bruecht - "Follow You" zesumme mam Muringa. Di zwee Museker hunn och gläich een eegene Label gegrënnt. "Lovefool" ass hiren éischten Hit bei engem grousse Major-Label.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Vize, Surf Mesa, Regard

Lauschtert eran