De Spuenier Albert Neve huet zesumme mam däitschen DJ David Puentez een internationalen Hit gelant. 

Fakten:
De spueneschen DJ a Produzent Albert Neve huet sech mat sengem däitsche Kolleege David Puentez zesumme geschloss, fir den Track "Superstar" ze presentéieren.

Aussergewéinleches:
Dee 57 Joer alen DJ Neve zielt zu de gréisste spueneschen DJ-Gréisste vun der Welt. Trotz sengem Alter gëtt hien net midd, een Hit nom aneren ze presentéieren.

Fréier Hits:
Deen neien Track "Superstar" ass ee Remix vun engem Hit vun der Sängerin Jamelia aus dem Joer 2003. Den Albert Neve an David Puentez hunn dem Song just een neie Beat verpasst. De Fans gefält d'Resultat awer net just hinnen: Och den Nicky Romero, Tiesto, Sam Feldt an Don Diablo hunn den Titel scho recommandéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Lost Frequencies, Klingande