No sengem Hit "Ily (I love you Baby)" ass den Newcomer-DJ Surf Mesa zréck mat enger neier Single

Fakten:
Mat "ILY (I Love You Baby)" huet de Surf Mesa ee Megahit ofgeliwwert, deen eis de ganze Summer iwwer begleet. Elo ass seng nei Single "Somewhere" eraus komm. Dëst Lidd ass zesumme mam Gus Dapperton entstanen, deen zulescht un der Säit vum Benee den Hit "Supalonely" eraus bruecht huet.

Aussergewéinleches:
De Surf Mesa heescht mat richtegem Numm Powell Aguirre. Eigentlech wollt hien op enger Technik-Héichschoul zu Seattle studéieren, mee sou wäit ass et net komm: Kuerz virdrun huet hie sech d'Bee gebrach a war gezwongen, 3 Wochen am Bett leien ze bleiwen, sou dass hie ganz vill Zäit fir seng Musek hat. Doduerch gouf him ëmmer méi bewosst, dass hien wéilt haaptberufflech Musek produzéieren.

Fréier Hits
De Surf Mesa ass grad mol 19 Joer al a mécht trotzdeem schonn zimmlech laang Musek. An engem Interview verréit hien, dass hie sech an der 3. Klass mat der Hëllef vu sengem grousse Brudder eng Museksproduktiouns-Software erof gelueden huet. Bäibruecht huet hie sech alles duerch Youtube-Tutorials.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Lost Frequencies, Felix Jaehn