No enger méi laanger Paus mellt d'Sängerin sech zréck mat der Single "Midnight Sky".

Fakten
"Midnight Sky" ass déi éischt nei Musek vum Miley Cyrus zanter der EP "SHE IS COMING" vun 2019. Ob de Synthie-Pop-Titel méiglecherweis op engem neien Album ze héiere wäert sinn, ass nach net bekannt. Fir de Video zum Lidd huet d'Miley Cyrus dës Kéier selwer Regie geféiert. Am Songtext plaidéiert d'Miley Cyrus fir Selbstléift an Onofhängegkeet. Domat verweist d'Sängerin och op hir ëffentlech Trennung vum Schauspiller Liam Hemsworth.

Fréier Hits
Mat der Disney TV Produktioun "Hannah Montana" gouf hatt e Kannerstar. Mat der Single "We Can't Stop" vun 2013 hat hatt säin éischten eegenen Nummer-1-Hit.

Aussergewéinleches:
De gréisstendeels textilfräie Videoclip zu der Single "Wrecking Ball", dee vum Moudefotograf Terry Richardson inzenéiert gouf,  ass bis haut Kult. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Selena Gomez, Demi Lovato, Rihanna