Fakten
2018 ass fir d'éischte Kéier duerchgesickert, dass den Juice WRLD an The Weeknd géingen zesumme schaffen. Deemools sollt den Track nach "Sad" heeschen. Offiziell gouf d'Kollaboratioun dann awer eréischt ee Joer méi spéit duerch den Twitter-Post vum Juice WRLD. De Songtitel gouf ofgeännert an The Weeknd huet dee leschten Deel nach dobäi gesat.

Fréier Hits
Am Mäerz 2019 ass dem Juice Wrld säin 2. Studioalbum "Death Race for Love" eraus komm. Dëst war seng eenzeg Plack, déi Plaz 1 vun de Billboard 200 erreecht huet.

Aussergewéinleches:
Den 8. Dezember 2019 ass den Juice WRLD onerwaart un enger Iwwerdosis gestuerwen an huet 2.000 onverëffentlecht Lidder hannerlooss. Obwuel eréischt Mëtt Juli mat "Legends Never Die" ee posthumen Album vum Juice WRLD released gouf, gouf nach vill Material net verëffentlecht. Mat "Smile" gouf elo ee weideren Titel presentéiert, bei deem The Weeknd als Feature-Gaascht mat um Start ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benny Blanco, Post Malone

Lauschtert eran