Di amerikanesch Indieband liwwert ee Song fir d'Netflix-Serie "Never Have I Ever".

Fakten
D'Netflix-Serie "Never Have I Ever"handelt vum schwieregen Liewen vun engem indianesch-amerikaneschen Teenager aus der éischter Generatioun. De Soundtrack gëtt engem d'Gefill, selwer nees 16 Joer al ze sinn. Ee Lidd um Soundtrack kënnt zum Beispill vu  der Indie-Elektro-Band Cannons.

Fréier Hits
Cannons hu schonn e sëllegen EPen a Singelen eraus bruecht. 2017 huet d'Band hiren éischte Studioalbum "Night Drive" eraus bruecht.

Aussergewéinleches:
D'Band Cannons besteet aus der Leadsängerin Michelle Joy, dem Leadgittaist Ryan Clapham, an dem Paul Davis un der Batterie an de Keyboards. 2013 gouf d'Band zu Los Angeles gegrënnt an huet sech zanterhier mat engem Mix aus “Nu Disco” a “Future Boogie” en Numm gemaach. Cannons probéieren, d'Leit mat engem Mix aus 70er R&B-Soul, 80er Synthiepop an modernem Elektrosound  un d'Danzen ze bréngen. De Ryan Clapham an de Paul David si Schoulfrënn, si sinn an där selwechter Strooss zu L.A. opgewuess. Si hunn d'Michelle Joy kenne geléiert a waren direkt vu senger Stëmm impressionéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
M-22, Disciples, Jonas Blue

Lauschtert eran