"My Ex‘s Best Friend" - sou heescht di nei gemeinsam Single vu Machine Gun Kelly a Blackbear

Fakten:
Den US-amerikanesche Rapper, Museker a Schauspiller Machine Gun Kelly ass zréck mat senger neier Single "My Ex’s Best Friend". Um Track ass och den "Hot Girl Bummer"-Hitmaker Blackbear vertrueden. Den Track ass op sengem neie Studioalbum "Tickets To My Downfall" ze fannen, deen de 25. September ze kréien ass. Och de Feature Kënschtler Blackbear huet een neie Studioalbum um Start. "Everything Means Nothing" heescht säin neie Longplayer, deen dëse Freideg eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
De 5.  Studioalbum vum US-amerikanesche Sänger a Rapper "Tickets To My Downfall" gouf vum Blink 182-Batteur Travis Barker matproduzéiert. Vum Machine Gun Kelly selwer op Twitter als "Rock Album 2020" bezeechent, wäert "Tickets To My Downfall" deen éischten Album sinn, op deem hien net als Rapper optrëtt.

Fréier Hits: 
De Blackbear huet ënner anerem d'Hitsingele "Me & Ur Ghost" an "Hot Girl Bummer" eraus bruecht. De Machine Gun Kelly hat 2016 mat "Bad Things" säi gréissten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
G-Eazy, Bazzi, Hoodie Allen

Lauschtert eran